Events

Weekend vun den oppene Kierchen

31. Mee an 1. & 2. Juni 2024

Blummen a Planzen

58 Kierche maachen dëst Joer hier Diere grouss op fir de Weekend vun den oppene Kierchen. An 21 dovun gëtt ee flotte kulturelle Programm ugebueden. Dat geet vu Visite guidéeën iwwer Workshoppen, Concerten a Konferenzen bis bei Ausstellungen.

39 Kierche gehéieren zum europäesche Reseau vun den oppene Kierchen a sinn dat ganzt Joer op. Dëse Reseau gëtt kontinuéierlech vergréissert.

Den Thema vum Weekend ass dëst Joer Blummen a Planzen.

Drauwen, Rousen, Lilien, Efeu an aner Duerstellunge vu Planzen a Blummen verschéineren net nëmmen de sakrale Raum, si stellen eis och viru munch Rätsel. Als lieweg  a faarweg Arrangementer sollen si d‘Schéinheet an d’Heelkraaft vum chrëschtleche Glawe symboliséieren a Villes méi.

Dëst Joer sinn och vill kleng Kierche fir d’éischte Kéier dobäi, déi op enger ganz besonnescher Plaz leien an net dacks hier Dieren op hunn, wéi d’Loretto Kapell zu Clierf, d’Kapell vun der Pirmesknupp bei Kauneref, d’Kierche vu Lëlz, Elveng a Colmar-Bierg, direkt nierft dem Schlasspark vum Grand-Duc, deen dee Weekend och fir de Public zougänglech ass, …

D’Ëffnungszäiten an d’Adresse vun de Kierche fënnt een um Site oppekierchen.lu.

Weider Informatiounen fannt Dir och op oppekierchen.lu.

Ouverture vum Weekend mam Maurice Clement

An der Méchelskierch an der Stad: freides, den 31. Mee um 18:00 mam Maurice Clement op der Uergel, Fiori musicali, eng musikalesch Rees duerch den europäesche Barock.

Als Interlude gi Blummemotiver aus der Kierch ënnert d’Lupp geholl.

Veranstaltungen zum Schwéierpunkt Blummen- a Planzenmotiver:

Elveng: samdes a sonndes um 15.00 mam Paul Toschi, Historiker, Eng Händchen aus Blummen!

Jonglënster: mam Polina Constantinova, Konschthistorikerin,

Sag es durch die Blume!

    • Interaktiv Visitt mat Workshop fir Kanner (6–10 Joer), samsdes 10.00–11.30 mat Umeldung bis 24.5.: zimmer@cathol.lu
    • visite guidée fir Erwuessener, sonndes um 15.00

Lëtzebuerg-Kathedral: Erzielstatiounen zu de Planzen, sonndes 14.00–18.00

Steebrécken: visite guidée sonndes um 15 Auer mam Simone Wohl, Kierchguide, Bildmotiver vum Ady Deville

Rued-Sir: Ausstellung vum Kiercheschaatz, sonndes 14.00–20.00

    • 15.30 Konferenz mat Biller iwwer d’Blummemotiver an alle Kierchen aus der Por
    • 16.30 Workshop fir Grouss a Kleng: Blummenarrangementer
    • 18.00 Concert Chantres de St-Joseph vun Zéisseng

Wal: samsdes a sonndes Ausstellung zu de Blummen- a Planzemotiver an der Por

Programm, och um Rendez-vous aux jardins (jardinsluxembourg.lu)

Clierf, Loretto Kapell: visite guidée sonndes um 10.30 mam Christiane Kremer-Hoffmann, Theologin, an Angèle Graas, Naturpark Our, Garten für die Seele!

Colmar: visite guidée samsdes um 15.00, sonndes um 10.30 a 15.00 vun der Kierch mat Fürsteloge, Méiglechkeet de Park vum groussherzogleche Schlass ze besichen.

Kauneref, Pirmesknupp: samsdes a sonndes 15.00–17.00 eng theatralesch Wanderung, Treffpunkt op der N15 tëschent Bitscht (Büderscheid) a Schumannseck.

Lëlz: visite guidée sonndes um 16.00 mam Marie-Anne Werner an Hely Heldenstein vun de Lëtzebuerger Rousefrënn, Maria im Rosenhag

Concerten: 

Méchelskierch an der Stad: freides, den 31. Mee um 18.00, Uergelconcert mam Maurice Clement Fiori musicali, eng musikalesch Rees duerch den europäesche Barock

Ëlwen: samsdes um 18.30, Uergelconcert mam Michael Schneider

Boxer: sonndes um 15.30 Concert mam Jugendchouer Alesso

Rued-Sir: sonndes um 18.00, Concert mat Chantres de St-Joseph vun Zéisseng

Miersch: sonndes um 17.00, Uergel (Marc Loewen) a Gei (Isaac Pérez).

Wanderung a Konferenz:

D’Paschtéier zu Lëtzebuerg zu revolutionären Zäiten (ëm 1800)

Bëschrued: geféiert Wanderung an de Massebësch mam Lokalhistoriker Jean Ferber. Départ zu Bëschrued bei der Kierch, sonndes um 14 Auer (2 km)

Wal: Virtrag mat der Historikerin Jenny Habets, sonndes um 16 Auer am Festsall bei der Kierch

Wie lebten die Menschen im Kanton Rambruch und Ospern während der Zeit der Französischen Revolution? Wie verteidigten sie ihre Bräuche und Traditionen, und ihre Religion im Besonderen, angesichts der neuen Bestimmungen aus Frankreich?

Weekend vun den Oppene Kierchen 2024
Datum:31.05.2024 - 02.06.2024Eintritt:FreiAdresse:An diverse Kirchen am ganze LandInformation:www.oppekierchen.luIn Zusammenarbeit mit:Ministère de la Culture, Église Catholique à Luxembourg, Service Communication et Presse de l'Archevêché & Oppe Kierchen