Weekend vun den oppene Kierchen de 6. a 7. Juni 2020

Den éischte Weekend vum Juni (6. a 7. Juni) sinn d'Diere vun eise Kierchen traditionell grouss op fir jiddereen, dee sech fir eise reliéise Patrimoine interesséiert.

Dëst Joer fannen awer leider wéinst der Corona Pandemie keng Concerten, Konferenzen a Visite guidéeë statt. Dofir kann een awer op eege Fauscht eis Kierche bewonnere goen, eleng an a Rou. Aus aktuellem Ulass: mat Mask an der néideger Distanz.

Zu Wëntreng kann een ausserdeem eng Ausstellung besichtegen.

Op www.oppekierchen.lu fënnt een all d'Kierche mat den Ëffnungszäiten, déi um Weekend op sinn an och Fotoen an Erklärungen.

16 vun dëse Kierche sinn dat ganzt Joer op, well si am Reseau vun den oppene Kierche sinn. 21 aner Kierchen hunn sech fir de Weekend vun den oppene Kierchen ugeschloss.

De Weekend gëtt organiséiert vun der ErwuesseBildung, mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vum Äerzbistum Lëtzebuerg.

Date

6.-7. Juni 2020

Language principale
lëtzebuergesch
Prix
gratis
Organisateur
ErwuesseBildung Asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Contact
laure.simon@ewb.lu
Et brauch een sech net unzemellen
Website
http://www.oppekierchen.lu
fir weider Informatiounen
Date limite d'inscription
No de cours
205440K
Groupe ciblé
Langues en général
Partner(s)