All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Fir d’éischt kucke mir, wéi e Buch entsteet: vun der Iddi bis dass dat fäerdegt Buch am Regal an enger Librairie steet.
Duerno däerf jidderee seng eege Geschicht erfannen an doraus e klengt Buch fabrizéieren.
27/02/2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer 213570M an den Alter vum Kand un.