
Bei enger Taass Kaffi proposéiere mir Iech e klenge Virtrag.
Dës Kéier dréit sech alles ëm dat grousst Thema "Kommunikatioun an der Famill".
Wéi kënnen Elteren a Kanner sech besser verstoen, wéi kënne si léieren, gutt mateneen ëmzegoen, sou dass jiddereen sech akzeptéiert a verstane fillt …
Duerno besteet dann d'Méiglechkeet sech auszetauschen, sech weider ze informéieren a sech eventuell déi passend Literatur unzekucken.
Den Eltere-Café ass eng Plaz, wou Elteren, Grousselteren, Dageselteren ... sech treffe kënnen, e bëssche poteren, sech austauschen, deen een oder anere Problem uschwätzen an e gemittleche Moment mat oder ouni hir Kanner verbréngen.
Wéinst eventuelle COVID-19-Aschränkungen hutt dir d’Méiglechkeet, och per Streaming un dësem Eltere-Café deelzehuelen. Sot eis bei Interessi Bescheed, a mir schécken Iech den entspriechende Link.
12/10 (Cours: 204260M): Thema „Ech a meng Gefiller“
16/11 (Cours: 204270M): Thema „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen … - Wat soll ech mengem Kand erzielen? Wéi ginn ech mat senger Wonschlëscht ëm? ..."
14/12 (Cours: 204280M): Thema: „Wann den Dag net genuch Stonnen huet … - Wéi kënnen Elteren a stressegen Zäiten och nach e Moment fir sech fannen?“
21/09/2020 vun 10:00 - 12:00 Auer (Ufank vum Virtrag: 10:30 Auer)
ErwuesseBildung asbl