All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Wie sinn ECH iwwerhaapt? Firwat sinn ech esou, wéi ech sinn?
Mir lauschteren eng Geschicht: "Das kleine ICH". Dono bastelt jiddereen eppes fir an iwwert sech...
05/02/2022 - 10:00 - 11:30
ErwuesseBildung, Centre Convict (Entrée G, RdC)
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. bei der Umeldung den Alter vum Kand un.