All samschdes (ausser an de Schoulvakanzen) bidde mir eng Matinée fir Kanner un (hir Elteren, Grousselteren ... si wëllkomm!).
Zesumme loosse mir eiser Fantasie a Kreativitéit fräie Laf. Mir entdecke flott Geschichten, interessant Filmer, spannend Gesellschaftsspiller a villes méi.
Eist Theema dës Kéier:
Op spilleresch Aart a Weis entdecken d’Kanner zesumme mat hiren Elteren d’Welt vum Internet.
- Den Internet, wat ass dat eigentlech?
- Wat kann een am Internet alles maachen?
- Firwat si Passwierder wichteg?
- A firwat soll ech net jidderengem alles iwwert mech verroden?
Dës a weider Froe ginn zesumme mat BEE SECURE a klengen Aktivitéiten thematiséiert.
26/06/2021 - 10:00 - 11:30
Ewuessebildung, Centre Convict - Entrée G - RdC
5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg
Gitt wgl. d'Coursnummer KLS 20210626 an den Alter vum Kand un.