April 2021
Mir stellen Iech hei e puer „Coups de coeur“ vir, déi sech haapt- an éierenamtlech Mataarbechterinne vun der ErwuesseBildung erausgepickt hunn.
Et si Bicher, déi ee Kanner a Jugendleche kann an de Grapp ginn, mee ganz besonnesch och mat hinnen zesummen entdecke soll.
Virgestallt gi Bicher aus de Beräicher „reliéis Kannerbicher“, „Philosophéiere mat Kanner a Jugendlechen – Nodenken an an d’Gespréich kommen iwwert Theemen, déi si an eis ganz Gesellschaft beschäftegen“.
· Christine Bußhardt , Pastoralreferentin am Dekanat Süden-Ost, Schwéierpunkt: Familljen- a Jugendpastoral an Erwuessebildung
· Barbara Schu, ErwuesseBildung – Mediepädagogin, ë.a. zoustänneg fir de Beräich „reliéis Kanner- a Jugendliteratur“
· Danielle Mertes, ErwuesseBildung – Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung
A vun 2 Jugendlech aus der Par Hesper-Réiser-Weiler, déi d'Firmung elo mache wäerten:
· Leo Di Bello, 14 Joër
· Carole Thoma, 14 Joër
Hei fannt dir de Link zur Playlist vun den online-Presentatiounen: https://www.youtube.com/playlist?list=PLfqCAgYvK1zLX_U9t2d2Pl-pshG75vKlG
ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII