July 2022
*english version below*
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher an d'Chambre des Salariés Luxembourg invitéieren op hire Summer Seminar 2022 zum Thema Kannerrechter zu Lëtzebuerg an an der Welt. Zil vum Seminar ass et, sech auszetauschen, z'informéieren, ze beroden, Problemer z'identifizéieren, sech Gedanken ze maachen, kritesch ze sinn, nei Méiglechkeeten ze entwéckelen, (asw.), alles am gemeinsamen Denkraum vum Summer Seminar.
Vum 18.-22.7. fannen Informatiounsveranstaltungen, Formatiounen an Echangen statt, déi sech un ee breede Public riichten:
Professioneller an Acteuren aus dem Sozialen an Edukative Sektor, aus dem gesellschaftlechen oder juristesche Beräich, Studenten a Schüler, an all aner Interesséierten kënnen un deene sëllege Veranstaltungen deelhuelen.
Am Summer Seminar schwätzen interdisziplinär engagéiert Bedeelegter aus dem Beräich Kannerrechter an d'Memberen vum OKAJU. Geschwat gëtt an de gängege Sprooche vum Land.
Dir kënnt Iech online oder en présence bedeelegen, d'Umeldung leeft iwwer summerseminar@okaju.lu, an de Seminar wäert am Life Long Learning Centre, 2-4, rue Pierre Hentges, Luxembourg stattfannen.
De geneeë Programm fannt Dir am Dokument hei drënner.
**ENGLISH**
The "Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher" and the "Chambre des Salariés Luxembourg" organise the Summer Seminar 2022 on Children's Rights in Luxembourg and the World. The aim is to exchange, to inform, to consult, to identify issues, to reflect, to be critical, to develop new opportunities etc, all this by sharing an open, reflexive space.
From the 18. to the 22.7. you can assist on information sessions, formations, and exchanges:
Professionals and stakeholders of the social, educative or juridical sector, pupils and students, and every other interested person can take part in the event.
The conferences and seminars are held by interdisciplinary engaged participants of the domain Children's Rights and the members of the OKAJU. The spoken languages will be the commonly used languages of Luxembourg.
You can assist either online or in person and have to register via summerseminar@okaju.lu, and it will take place at the Life Long Learning Centre, 2-4, rue Pierre Hentges, Luxembourg.
Please read the exact program in the document attached.