CORONA-ZÄIT = BICHER-ZÄIT

|

March 2020

No items found.

Mir sollen elo alleguer, souwäit et méiglech ass, doheem bleiwen! Dat heescht, mir hu vläicht elo e bëssche méi Zäit, fir dat eent oder anert flott Buch ze entdecken. Normalerweis këmmeren ech mech bei der ErwuesseBildung ëm de Beräich „Liesfërderung, Kanner- a Jugendliteratur“. Mee leider muss och ech doheem bleiwen a probéieren alt, vun hei aus meng Aarbecht ze maachen. A klenge Filmclippe stellen ech Iech e puer flott Bicher vir, déi et derwäert sinn, gelies ze ginn. Zousätzlech weisen ech Iech - passend zum Buch - eng flott, kleng an einfach Aktivitéit: eppes fir ze bastelen, eppes fir ze kachen oder ze spillen. D’Filmer fannt dir op dem Youtube-Kanal vun der ErwuesseBildung:

"Ech ka net schlofen!": https://youtu.be/CR6wcTqWc5M

Fester a Bräich zu Lëtzebuerg: https://youtu.be/SEEmrPEKcmw

Fréijoër: https://youtu.be/b9tt9L1Q-24

"Das verspreche ich dir": https://youtu.be/kRw7TbVs7_U

Ech a meng Gefiller: https://youtu.be/q6rNkgWTkp0

"Roald Dahl - James und der Riesenpfirsich": https://youtu.be/YKerhO_cvf4

"A well se net gestuerwe sinn ...": https://youtu.be/sBmfaNLchCo

"Wa Lämmercher grouss ginn": https://youtu.be/YSOxZgMcB-o

Ech hoffen, dass dat eent oder anert Buch Iech gefält. Bei Froen oder falls Dir un engem vun de virgestallte Bicher interesséiert sidd, mellt Iech einfach bei mir: danielle.mertes@ewb.lu