Danielle Mertes

Referentin fir Liesfërderung, Kanner- a Jugendliteratur

|

July 2021

No items found.

Ech schaffe scho laang an der EwB. Et gi geschwënn 32 Joer. Ech konnt an där laanger Zäit vill un der Entwécklung an un der Programmgestaltung vun der EwB matschaffen an e ganze Koup Pefferkäre bäileeën. A grad dat mécht d’Aarbecht an der EwB esou flott.

Fir mech ass et manner eng Aarbecht, mee éischter en Engagement, wat meeschtens vill Spaass mécht. Ech konnt grad mengem groussen Interessi nogoen: d‘Vermëttlung vu menger Freed u gudder Kanner- a Jugendliteratur, d‘Schaffe mat Kanner, mee och d’Interaktioun mat Elteren, Erzéier/innen a jidderengem, deen um Theema „Kannerliteratur“ a Verbindung mat sozialen a gesellschaftlechen Theemen interesséiert ass. 

Wat ass däi Liblingsbuch?

Et gëtt der vill. Mee eent huelen ech ëmmer nees aus dem Regal: „Der Gedankensammler“ vum Monika Feth - e Billerbuch iwwert d’Villfältegkeet vun eise Gefiller a Gedanken. An doriwwer, wéi se sech ëmmer nees nei zesummesetzen, se ëmmer nees nei entstinn, a wéi déi eng Gefiller a Gedanken anerer beaflossen.

Wat wollts du als Kand ginn?

Fir d’éischt Stewardess. Dono Infirmière. Mee eigentlech hunn ech ëmmer eppes gesicht, wou ech mat Leit ze dinn hunn. Mäi Beruff vun elo kënnt och ganz sécher aus menger Zäit als „Wëllefchers-Cheftaine“ bei de Scouten. Do hunn ech d’Freed an d’Beräicherung entdeckt, fir mat Kanner ze schaffen. 

Wat méchs du, wann s du net an der EwB schaffs?

Ech sinn immens gären an der Natur - spadséiere goen, lafen am Bësch, am Gaart schaffen. Awer och Kachen an doheem dekoréiere mécht mir immens Spaass!
 

danielle.mertes@ewb.lu