July 2022
An dësem Bulletin fannt Dir en Iwwerbléck iwwert eise Programm vu Juli-Oktober, d'Virstellung vun den Neizougäng an der Ekipp ewéi e puer Gedanken iwwert d'EwB. Donieft och kleng Interviewen mat eisen neie Partner Anna Dannfelt (iwwer sexuelle Mëssbrauch) an Marius Sinn (iwwer seng Events zu Wëllplanzen an Naturverbonnenheet). Eis Zen-Buddhiste stelle sech vir an eis Yoga-Programmer an Computercourse fir d'éischt Trimester vum neie Schouljoer sinn ugekënnegt.
Et gëtt nach villes méi – liest eran! (De Pdf fannt Dir ënnen op der Säit!)
******
D’ErwuesseBildung gëtt all Trimester e Bulletin mat hirem aktuelle Programm eraus. Interesséiert? Gitt eis Är Donnéeën (Numm an Adress) a mir schécken Iech de Bulletin gratis heem. Alternativ kënnt Dir natierlech och e PDF digital an d'Mailbox kréien. E grousse MERCI fir Ären Interessi.
Kontaktéiert eis iwwer E-Mail (info@ewb.lu) oder rufft eis un (44743340).
Une fois par trimestre l’ErwuesseBildung publie un Bulletin avec leur Programme actuel. Intéressé ? Laissez-nous vos coordonnées (nom et adresse) et vous recevrez notre Bulletin gratuitement par voie postale. Si vous préfériez la version digitale, n'hésitez pas à la demander. Un grand MERCI pour pour votre intérêt.
Contactez-nous par e-mail (info@ewb.lu) ou téléphone (44743340).