En alternatiivt Medien- a Bicherzelt

ErwuesseBildung

|

April 2020

No items found.

En alternatiivt Medien- a Bicherzelt

Wärend der Oktav, an doriwwer eraus, bitt d'ErwuesseBildung Iech hei online eng kleng, awer reng Selektioun vu Bicher a Filmer fir Grouss a Kleng un, ausgewielt vun den haaptamtlechen a benevolle Mataarbechter vun der ErwuesseBildung. Een Deel vun dëser Auswiel fannt Dir an eisem Bulletin an en aneren Deel hate mir am Luxemburger Wort virgestallt.

Dir kennt eist Bicherzelt net? D'nächst Joer kënnt Dir eis am Bannenhaff vun der Kathedral kenne léieren, wou mir zënter Joerzéngte wärend der Oktav eng grouss Selektioun vu Bicher an anere Medie fir Grouss a Kleng ubidden.

Bestellunge vu Filmer a Bicher kënnt Dir opginn:

  • online op eiser Websäit
  • oder iwwert eis Email : commande@ewb.lu
  • oder iwwert den Telefon 44 743-340 vu méindes bis freides vun 10-12 a vun 13-17 Auer

www. ewb.lu