Eng nei Opstellung fir d’EwB-Ekipp

|

August 2022

No items found.

D’EwB gëtt et elo säit 50 Joer. Fréier als Info-Video-Zenter bekannt an nach virdrun als CF hu mir well eng laang Rees hannert eis. Säit dem Ufank gesi mir eis als oppene Raum, als Plaz, wou de Mënsch an all Liewensphas an -alter eng sëllegen Aktivitéiten an Evenementer fënnt. Dofir setzt eist Team sech mat vill Passioun fir d’EwB an a këmmert sech ëm eng breet gefächert Offer. Mat de 50 Joer kënnt dann och eng nei Ausriichtung an Opstellung, d’Ulrike Kohl als nei Directrice, d’Nora Schleich als nei Programmcoordinatrice an zwee nei Mataarbechter: d’Liliane Marbach an de Philippe Funk. All zesumme freeë mir eis op di nächst 50!

Eis nei Team-Memberen:

Ulrike Kohl

ULRIKE KOHL, Leiterin der ErwuesseBildung

Am 1. Januar 2022 habe ich die Leitung der EwB übernommen, nach circa 30 Jahren in verschiedenen Funktionen im Forschungsmanagement, die meiste Zeit davon beim Forschungsfonds FNR. Ich habe die deutsche und luxemburgische Nationalität und habe ursprünglich Französisch und Spanisch studiert. 2015 habe ich ein MBA an der Sacred Heart University in Luxemburg abgeschlossen und 2020 eine Coachingausbildung in den USA, beides, um mich persönlich und beruflich weiterzuentwickeln. Themen, für die ich mich engagiere: eine wertebasierte Orientierung und Weiterbildung von Menschen, Organisationen und Gesellschaften, interkultureller Austausch, Diversität und Partizipation.

Nora Schleich

NORA SCHLEICH, Coordinatrice de Programme

Als nei Programmcoordinatrice begleeden ech d’EwB an der Ausriichtung an an hiren Aktivitéiten. Zu Lëtzebuerg hunn ech Philosophie studéiert a schliisslech zu Mainz iwwert den Immanuel Kant promovéiert. Säit Längerem schaffen ech am Tutorat, an der Kultur an an der Konzeptgestaltung. Am léifsten diskutéieren a realiséieren ech Iddien, hale mech an der Natur op a probéieren d’Liewen ze verstoen.

Liliane Marbach

LILIANE MARBACH, Sekretärin & Assistante à la Programmation

Meng éischt berufflech Erfarungen hunn ech als Clerc de Notaire gemaach, éier ech mech ganz ëm meng Kanner gekëmmert hunn. No 8 Joer als Sekretärin an engem Handwierksbetrib hunn ech mech zu enger neier Erausfuerderung entschloss a schaffen elo bei der EwB. Als „Assistante à la programmation“ freeën ech mech ob eng spannend Zäit mat menge Kolleegen a mat all de Membere vun der EwB.

Philippe Funk

PHILIPPE FUNK, Responsable de projet et formateur i -Stuff

Informatik begeeschtert mech zënter Joren, mäi Wëssen deele genausou. D‘ErwuesseBildung ass fir mech d’Méiglechkeet déi zwee Elementer mateneen ze verbannen. Als Ausbilder an der Informatik begleeden ech Iech, fir dass Dir Iech onofhängeg, mat vill Freed a sécher am Internet beweege kënnt. Ech sinn an der Informatik, dem Management an och nach anere Fächer ausgebilt an zertifiéiert. Meng pluridisziplinär Kompetenze bréngen ech mat, fir Iech déi bescht méiglech Léierexperienz ze bidden.