December 2021
E Samschdeg, den 11. Dezember war eng méi lass an der ErwuesseBildung.
Kleng a Grouss hunn e puer flott Stonnen zesummen verbruecht fir d’Joer 2021 ofzeschléissen.
Et huet sech alles ëm de Chrëschtbeemchen gedréit:
Mir hunn eng Geschicht iwwert e groussen Chrëschtbam gelauschtert, Saachen fir op de Beemchen gebastelt, Kaddoen louchen ënnert dem Beemchen …
A natierlech huet och eppes fir an de Bauch net gefeelt: Popcorn, Marshmallows um Feier an e gudden Kannerpunsch.
Dës Kéier war och d’Eltereschoul Janusz Korczak mat engem klengen Info-Stand op Besuch.
Hei kënnt dir Iech e puer Impressioun ukucken: https://youtu.be/xjWSdiiMWFY
2022 geet et weider mam „Kucke – liese – spillen“. E flotte Programm waart op Iech!
Enn Dezember fannt dir de ganzen Programm op www.ewb.lu