July 2021
Kierche si meng Leidenschaft, an dofir sinn ech frou, datt ech mech zënter e puer Joer an der ErwuesseBildung drëm këmmeren, fir Kierche virzestellen. Do geet et net just drëm, fir se an hirer Schéinheet ze weisen, mee fir de Leit bäizebréngen, eng Kierch an hirem Programm ze verstoen. Mir maache Visitten am Kader vum Kierchen- oder Kapellentour, bilde Kiercheguiden aus, betreien zu Lëtzebuerg en internationaalt Netzwierk vun oppene Kierchen, koordinéieren de Weekend vun den oppene Kierchen, organiséiere Konferenzen iwwer reliéis Konscht asw, natierlech mat Partnerorganisatiounen.
Firwat bass du frou, fir d'EwB ze schaffen?
Alles dat passt wonnerbar zur ErwuesseBildung, nämlech de Leit d'Méiglechkeet ginn, sech mat eise Wuerzelen auserneenzesetzen a Reflektiounen iwwert d'Liewen an d'Mateneen unzestoussen.
Wat ass däi Liblingsfilm?
"Love actually", well et do ëm Léift an all senge Facettë geet. Ech wënsche mir fir all d'Mënschen, datt se just Léift a Respekt an hirer Partnerschaft, op der Aarbecht a soss an hirem Ëmfeld erliewen.
Wat wollts du als Kand ginn?
Ech si schonn als jonkt Meedche gären op Kierfechter gaangen. Net, datt ech do eng berufflech Zukunft gesinn hätt, mee mech huet déi besonnesch Atmosphär dohinner gezunn, wat een alles konnt aus de Griewer erausliesen, mat hirer ganzer Symbolik, der Form vun de Steng, der Aart a Weis, wéi d'Nimm geschriwwe si mat de Liewensjoeren.