MILLY HELLERS - “OP EEMOL WAR ALLES ANESCHT!”

Making Sense of Life

|

April 2021

No items found.

De José da Costa, Direkter vun der ErwuesseBildung am Gespréich mam Milly Hellers, Pastoralreferentin an déi eischt Oktavpriedegerin.

„Ech hätt bal gefrot, ob hien sech net an der Nummer geiert hätt“: Et war eng grouss Iwwerraschung fir d’Pastoralreferentin Milly Hellers, wéi si vum Kardinol Jean-Claude Hollerich gefrot gouf, ob si wéilt Oktavpriedegerin ginn.

Mir hu mat hier iwwer des Aufgab, iwwert d’Oktav an iwwert hiert Liewe geschwat. 

D’Milly Hellers ass zu Éiter gebuer an an enger Bauerefamill grouss ginn. Et war keen einfacht Liewen, seet si. Si huet hire Papp ni kennegeléiert, well hie gestuerwe war, wéi hier Mamm mat hier schwanger war. An och duerno, an hirer Kandheet, wier et alles anescht wéi einfach gewiescht, ënnert anerem well hier Mamm krank war. An dëse schwieregen Zäite wier de Brudder vun hirer Mamm eng grouss Stäip gewiescht, de „Fiels an der Brandung“. „Die Lebenschule ist die einzige Schule, die niemand schwänzen kann“, seet d’Milly Hellers. 

D’Milly Hellers ass an engem chrëschtlech-kathoulesche Kader opgewuess. Mee wéi si am Alter vun zéng Joer vum Paschtouer vum „gudden Härgott“ verzielt krut, huet si ugefaang ze iwwerleeën: „De gudden Härgott? De Papp ass dout, d’Mamm ass krank. Wou ass en dann? Wann e just fir déi do ass, déi souwisou alles hunn, da brauchen ech e net.“ Vun do un hätt si sech souzesoe vum Glawen distanzéiert. Bis si 20 Joer al war an duerch en Evenement zum Glawen zréck fonnt huet. „Do ass et nei ugaang“. 

Wat do geschitt war, wéi hiert d’Liewe weider verlaf ass, wat et mam Leitsproch fir d’Oktav „op eemol war alles anescht“ op sech huet a wéi si d’Oktav an dësen haitege, schwieregen Zäite gesäit - dat alles gitt dir an eisem Interview mam Milly Hellers gewuer.

 

Hei de Link zum online-Interview: https://youtu.be/Joxq4gsHx9w