April 2020
Léif Kanner,
Eis Molaktioun hat groussen Erfolleg a mir hu ganz vill a virun allem immens flott Biller a Fotoe mat Reebéi gemailt kritt.
Dofir soe mir jidderengem E GROUSSE MERCI!
Den 20. Abrëll 2020 hu mir ënnert all de Kanner, déi matgemaach hunn, 12 Bicher a Filmer verloust.
An de nexten Deeg kreien sie klenge Päckelchen Heem geschéckt
D'Ekipp vun der ErwuesseBildung wënscht vill Spaass mat deem klenge Kaddo an jidderengem nach weiderhin eng gutt Zäit - och wann se fir eis all net ëmmer einfach ass.
Maacht dat Bescht draus a bleift monter a gesond!!! A bleift kreativ!