April 2021
Leider kann den Elterecafé an der ErwuesseBildung nach ëmmer net am presentiel ofgehale ginn.
Mee mir hun Iech dofir awer e klengen Austausch gefilmt.
Dës Kéier zum Theema „Burnout parental / Burnout an der Famill“.
„Burnout“ – e Wuert, wat een an der Lescht ganz oft héiert. Meeschtens a Verbindung mat der Aarbecht. Mee et gëtt och e Burnout am Krees vun der Famill.
Wat ass den Ënnerscheed? Wéini schwätze mir vu „Burnout parental“? Wat sinn d‘Symptomer dovun? A wéini mierkt een, wann doheem eppes net méi normal leeft? Wéi a wou kann een Hëllef fannen, wann een als Mamm oder Papp betraff ass?
D‘Tania Hemmer vun der Eltereschoul huet sech ganz besonnesch an dëst Theema erageschafft.
An eisem Gespréich erkläert si eis, wat genau hannert dem „Burnout parental“ stécht.
Donieft presentéiert si eis och e puer ganz interessant an hëllefräich Bicher.
Simone Schammo (Eltereschoul) an Danielle Mertes (ErwuesseBildung)
Hei fannt Dir de Link zum Film: https://www.youtube.com/watch?v=j2iGAseklRE
Weider Informationen iwwert d'Eltereschoul an hir Angeboter: www.kannerschlass.lu