online-Elterecafé an der ErwuesseBildung - Oktav 2021

Relioun a Spiritualitéit an der Famill - Eng Orientéierung, wann „op eemol alles anescht ass“?

Danielle Mertes

|

April 2021

No items found.

An eisem online-Elterecafé am Kader vun der Oktav 2021 gëtt sech dës Kéier driwwer ausgetosch, wat sech alles ännert, wa sech Nowuess an enger Famill ukënnegt. Wat ännert sech am sozialen Ëmfeld, op der Aarbecht, doheem an der Koppel an an der Famill. Et ass fir all Bedeelegt net ëmmer einfach.

Wou kann een als Famill Ënnerstëtzung an Halt fannen?

Hei ginn 2 flott Projete virgestallt, wou ee Gemeinschaft fënnt, Austausch an Ënnerstëtzung, och wann et ëm Froe ronderëm déi reliéis an spirituell Erzéiung vun de Kanner geet.

Un der Diskussioun si bedeelegt:

Ingrid SCHOLZEN, Agente pastorale zu Ëlwen, Wolz a Wëntger, Grënnerin vum Babykrees

Michèle HILGER, Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Responsabel fir «Spiri fir Kids»

Guy LUX, Papp vun 2 Kanner

Danielle MERTES, ErwuesseBildung – Referentin fir Kanner- a Jugendliteratur a Liesfërderung

Hei fannt Dir de Link zum Film: https://youtu.be/DrlVC6FSKiw

Organisatioun:

ErwuesseBildung, Centre de formation diocésain Jean XXIII