Op eemol ass alles anescht! - Eng Gespréichsronn

„Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Kierch …”

|

May 2021

No items found.

Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d’Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d’Schoul an d’Veräinsliewe kruten drastesch Aschränkungen operluecht …

·      Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm?

·      Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech?

·      Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen?

·      Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen?

Op dës an aner Froe hu mir versicht, an dëser Gespréichsronn Äntwerten ze fannen.

 

Moderatioun:

Pit Bouché (Caritas, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)

Et hu mat diskutéiert:

Milly Hellers (Octav-Priedegerin 2021)

Marcia Dechmann (Mamm vun 3 Kanner, Infirmière-Enseignante)

Martine Kemp (jonk Politikerin an Ingénieure)

Paul Galles (ë.a. Politiker, Theolog a Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)

Norry Schneider (Centre for Ecological Learning Luxembourg / CELL)

 

Hei kënnt Dir d’Gespréichsronn kucken: https://www.youtube.com/watch?v=8uPqaZTpB7Y