Wéi d’Zäit vergeet…

|

November 2020

No items found.

Virun eppes méi wéi 10 Joer sinn ech bei d’ErwuesseBildung komm an et war ëmmer spannend. Ech hu vill léif Mataarbechter kenne geléiert, mee der och ganz vill erëm e bësschen aus den Ae verluer (awer ni aus dem Sënn).

Well ech an d’Pensioun ginn, verléiere meng aktuell Kolleege mech och aus den Aen, mee hoffentlech net aus dem Sënn. Gäre kommen ech emol zréck, wann si meng Hëllef gebrauche kënnen.

Et deet mir e bëssche leed, genau an dësem Moment fortzegoen, well déi „nei” ErwuesseBildung ëmmer méi Form unhëlt an een sou lues erkennt, wéi flott dëse Projet ass. Anerersäits hunn ech och nach vill vir a muss ausserdeem mäin neie Gesell op d’Liewe virbereeden.

Ech wënschen der ganzer Ekipp vun der ErwuesseBildung weiderhin eng schéin Zäit a vill Erfolleg.

Marc Nilles, ErwuesseBildung