May 2021
Luusst ran an d'Summer-Sonner-Editioun vun eisem Bulletin-Programm: Dës Kéier präsentéiere mir Iech eis ganz Equipe, och déi, déi "hannert de Kulissen" bei der EwB schaffen - Formatioune ginn an organiséieren, flott Filmer a Bicher fir Iech raussichen, a net ze vergiessen, fir d'Administratioun zoustänneg sinn. Dir fannt och eist neit Leitbild, wou eis Visiounen, Missiounen a Wäerter erkläert ginn.
Fir eis Aarbeecht si mir allerdéngs dréngend op Är Ënnerstëtzung ugewisen - andeems Dir en Don maacht, Iech fir eis Coursen, Visitten, Konferenzen, ... umellt an Är Frënn, Kolleegen a Famill op eis Offer opmierksam maacht. Mir soen Iech am Viraus villmools merci!
Wann dir eise Bulletin géift gäre gratis abonéieren oder eng Ureegung wollt ginn, schreift eis eng Mail mat Ärer Adress op info@ewb.lu
Et ass och méiglech, de Bulletin am PDF-Format ze abonéieren.