E lëtzebuergesche Comic, vum Lex Roth iwwersat, dee méi wéi 1300 Joer an d’Vergaangenheet kuckt! A flotten Illustratioune gëtt dem Willibrord säi Liewen duergestallt an a Verbindung gesat mat der Sprangpressessioun.
Wien ass dee Willibrord? De Willibrord kënnt als Kand an Nordengland an e Klouschter. Vun do aus geet säi Wee iwwer Irland an d’Land vun de Frisen. Mat senge Begleeder wëll de Willibrord hei déi Gutt Noriicht vu Jesus Christus verkënnegen. Hie stéisst op esou munche Widderstand a reest op Roum, fir d’Ënnerstëtzung vum Poopst ze kréien. D’Abtei zu Iechternach mat hirem Skriptorium gëtt säi Sëtz…
Weider Säiten am Comic ginn Informatiounen iwwer de Willibrord als e wichtege Missionar an Europa, iwwer de Codex Aureus an iwwer d’Sprangpressessioun, déi all Joer op Päischtdënschdeg dausende vu Leit op Iechternach zéit.
D'Buch ass a fënnef weidere Sproochen erauskomm an ass an der ErwuesseBildung ze kréien.
Franséisch: Willibrord en Echternach- De Dansprocessie ISBN: 978-2-7468-3895-6
Däitsch: Willibrord und Echternach- Die Springprozession 978-2-7468-3841-3
Portugisesch: Willibrord e Echternach- A Procissão Dançante ISBN: 978-2-7468-3881-9
Englesch: Willibrord and Echternach- The Dancing Procession 978-2-7468-3842-0
Hollännesch: Willibrord en Echternach- De Dansprocessie ISBN: 978-2-7468-3895-6