Wie war den hellegen Niklos ? Wéi a wou huet e gelieft?
De bekannten däitsche Pater Anselm Grün stellt eis e vir! Flott a lieweg geet hien op e puer vun de Legenden an, déi vum hellegen Niklos erzielt ginn: d’Geschicht vun den dräi Goldstécker, d’Kärewonner vu Myra, d’Rettung vun de Matrousen a vun engem Jong, deen, esou gouf geduecht, erdronk war.
Mat dësem Buch léiere mir zesummen daat spannend Liewen vun hellegen Niklos kennen a gi gewuer,wéi hien als Zinniklos, respektiv als Kleeschen op Lëtzebuerg komm ass a bis haut nach all Joer gefeiert gëtt.
Kee ganz neit Buch, mee eent dat een all Joër neess kann aus dem Schaf huelen fir de Kanner d’Geschichten ze erzielen oder virzeliesen.
Den Text gouf vum Christine Marx-Heck op lëtzebuergesch iwwersat.