
Hannert dem scho bal räissereschen Titel Fatal Discord verstoppt sech eng exzellent geschriwwen Duebelbiografie vun zwee grousse Reformer (Reformatoren???) aus dem fréie 16. Joerhonnert: dem Erasmus vu Rotterdam an dem Martin Luther. Déi zwee Denker hu sech op nei Manéiere mat Glawen, Bibel a Kierch auserneegesat. A villem ware si sech eens, mee wärend deen een e kritesche Member vun der Kierch blouf, huet deen anere mat hir gebrach.
De Michael Massing presentéiert dës zwee Zäitgenosse parallel, weist permanent op Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder hin, mee och op hiren Austausch a hir gemeinsam intellektuell Reseauen. Den Auteur beschreift hir Liewen, Reesen a perséinlech Entwécklunge mat vill Spannung: et ass eeben eng Zäit, an där ee fir seng Iwwerzeegung konnt ëmbruecht ginn. Hien erkläert awer och deenen zwee hir jeeweileg geeschteg Wuerzelen a schafft mat ville Réckblécker op de Paulus, Jakobus de Jéngeren, Hieronymus, Augustinus, Thomas vun Aquin an anerer.
Interessant ass, datt de Massing kee Wëssenschaftler, mee e Journalist ass, an zudeem e jüddeschen, a kee chrëschtleche Background huet. Dëst alles dréit bäi zu engem flott geschriwwene Buch, dat och fir Net-Spezialisten zougänglech ass, ouni awer jeemools iwwerflächlech ze sinn.

The rich text element allows you to create and format headings, paragraphs, blockquotes, images, and video all in one place instead of having to add and format them individually. Just double-click and easily create content.
A rich text element can be used with static or dynamic content. For static content, just drop it into any page and begin editing. For dynamic content, add a rich text field to any collection and then connect a rich text element to that field in the settings panel. Voila!
Headings, paragraphs, blockquotes, figures, images, and figure captions can all be styled after a class is added to the rich text element using the "When inside of" nested selector system.