Kanner si frou mat Fester a Bräich. Dacks froen si no hirer Bedeitung. Firwat ginn d’Kanner Kuerfreideg a villen Dierfer mat Klibberen duerch d’Stroossen? Firwat bréngt de Kleeschen de Kanner Kaddoen? Wat huet et mat de Péckvillercher op sech? Dëst humorvollt a mat Léift illustréiert Buch, erausgi vun der ErwuesseBildung, Luxembourg, hëlleft de Kanner, déi wichtegst lëtzebuergesch Fester a Bräich ze entdecken an ze verstoen.