De Mick ass e klengt Schof. Hie fënnt, datt seng ganz Famill zimmlech komesch ausgesäit, scho bal peinlech. All hu se laang Hoer. Hie geet bei de Coiffeur a léisst sech seng Hoer schneiden. Mee si kuerz Hoer wierklech esou „cool“?
E ganz flott Kannerbuch zum Thema „grouss ginn“. Besonnesch an immens schéi sinn dem Marie Hoffmann seng Biller mat enger spezieller Technik: Filze mat Schofswoll.
2013 krut dëst Billerbuch de Lëtzebuerger Buchpräis.